Unplugged Online Adventskalenner

ICN (instituteurs aux compétences numériques) bidde fir d’Klassen aus dem Cycle 4 (awer och aus den anere Cyclen), en digitalen Adventskalenner un, deen et op eng einfach a spilleresch Aart a Weis erméiglecht Coding an der Klasse anzesetzen – ganz ouni technesch Hëllefsmëttel.

Wann dir flott a kreativ Iddien vun äre Schüler entdeckt, kënnt dir se gären op educoding@men.lu weiderschécken, da kënne se mat nach villen anere Klassen aus dem ganze Land gedeelt ginn …